Den Auteur Tom Hillenbrand ass bekannt vir seng 7 kulinaresch Krimien ronderëm de Stärekach Xavier Kieffer a gouf 2018 genee wéi de Jean Pütz an de Ranga Yogeshwar zu Berlin mam Lëtzebuerger 'ordre du mérite' vum Premier Xavier Bettel ausgezeechent. Am 'Café des artistes' hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten versicht e puer Geheimnisser ronderëm seng Bicher an de Personnage eraus ze këddelen. Piano: Marc Schmidt

29-11-2024 RTL-Afterwork: mam Tom Hillenbrand (Freideg)

Muer géint 17h15 verréit den Tom Hillenbrand  op hien e strenge Papp ass. Hien zielt dass hien e Frënd vu Rollespiller ass an vläicht gi mer och eppes gewuer iwwer den 8ten Krimi mam Xavier Kieffer.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen