Den Tom Hillenbrand schreift zwar och Science-Fiction-Romaner an huet schonn e puer Präisser op dësem Gebitt kritt, mee seng kulinaresch Krimien ronderëm de Lëtzebuerger Stärekach Xavier Kieffer stellen alles an de Schied. Tëscht 2011 an haut huet hien bis elo 7 Krimien erausbruecht a schreift fläisseg um nächsten. Am 'Café des artistes' am Gronn goung et ëm de Schrëftsteller, seng Aarbecht, awer och seng privat Iwwerleeungen. Piano: Marc Schmidt

30-11-2024 RTL-Afterwork: mam Tom Hillenbrand (Samschdeg)

Déi nächst Woch géint 17h15 ass et um Lëtzebuerger Acteur André Jung, deen am Film ea de Superjhemp verkierpert huet. Mir gi gewuer wéi eng hien als Student der Direktioun am Lycée gespillt hat, wéi en Androck d'Schauspillschoul bei him hannerlooss huet, an op ee mat der Konscht räich gëtt. Hien zielt awer och wéi hie mat 48 en Hiereschlag op der Bün gemaach huet a firwat säin Enkelkand Knuppi heesche soll.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen