
D'TV Kächin Anne Faber, den Acteur Jascha Rust, den Didier Goossens vun de 'Researcher' days' an zwee Roboter waren gëschter dem Olivier Catani seng Gäscht am LIVE! planet people.

D'Anne Faber huet nees e Buch erausbruecht, dës Kéier mat Bakrezepter fir all Joreszäit. 'Backen mit Anne' versprécht Iddien fir d'ganzt Joer vun de 'Crackers' iwwer den Äppelkuch, eng 'Butternut Quiche' bis bei de 'Pâté Lorrain'.


Den Acteur Jascha Rust huet mat sengem Kolleeg Tan Caglar aus der ARD Serie 'In aller Freundschaft' elo en eegene Podcast. Mat der Schauspillerei goung et lass bei GZSZ an elo gesinn hien dënschdes 4 Mio Spectateuren. Hien selwer kuckt sech awer net.


Den Didier Goossens invitéiert op d'Researchersdays déi haut an der Rockhal mat Workshoppen Spaass op d'Fuerschung maachen. Wéi kann ee selwer Waasserstoff produzéieren, wéi gesäit d'Welt vun der Akustik aus a wéi funktionéiert eise Verdauungssystem?
