De Wanter hat sech d'lescht Woch schonn emol kuerz gewisen, a gouf e Sonndeg nees vu Fréijoerstemperaturen a Sonn verjot. Mee et soll een sech näischt virmaachen, et ass just eng Fro vun der Zäit bis en sech erëm mellt. Dofir soll een elo nach séier e puer Saachen am Gaart erleedegen ier der Schnéi kënnt an et mam Schaffes am Gaart Esseg ass. Blieder schären ass eng gutt Saach. Mee dat ass nach net alles, Jeannot Lacour?

Wat een net soll maachen, dat sinn fraschtempflindlech Planzen wéi de Lavendel zum Beispill elo staark zréck schneiden. Do waarden ech dann bis am Fréijoer. Stauden, déi och e bësschen méi empfindlech sinn an dann nach Grieser, déi och. Do soll ech dann d'Fanger dervunner loossen, an eréischt am Fréijoer schneiden fir dass och näischt geschitt, géife mer elo e staarke Wanter kréien.

Jeannot Lacour - Planzen zréck schneiden

An de grénge Jeannot huet nach e gudde Rot op Lager.

Déi drëtt Saach, déi een elo nach kann maachen, natierlech d'Planzen schützen. Wéi mer elo schonn geschwat hunn iwwer fraschtempfindlech Planzen, och déi stinn am Buedem wéi gesot Stauden, Grieser asw kann een roueg zoudecken mat Mulch, mat Blieder oder Stréi. Einfach e Naturprodukt, d'brauch een net onbedéngt eppes kafen ze goen fir zouzedecken, wann een Suergen huet fir seng Planzen dass se de Wanter net géifen iwwerliewen, wann et géif richteg kal ginn. Normalerweis, an der Reegel, wéi déi lescht Wanteren waren, brauch een dat net ze maachen, mee et weess een ni, et schued jo och net.

Jeannot Lacour - Planzen schützen