
© afp
Iwwer 5 Joer ass et hier dass mir all déi erschreckend Biller op der Tëlee gesinn hunn: D’Kathedrale Notre Dame, eent vun de Wahrzeeche vu Paräis, a Flamen. No jorelaangen Aarbechten mécht d’Monument am Dezember nees seng Dieren op. D'Noa Ganeto weess wou de Schantjen drun ass.
De Parvis Notre Dame, d’Plaz virun der ronn 700 Joer aler Kathedrale ass ofgespaart, dat zanter et de 15ten Abrëll 2019 zu engem tragesche Brand komm ass. Déi vill Touristen, déi sech trotzdeem nach all Dag virun der Kathedral ophalen, kennen elo nëmmen nach an e Musée mat‘’Virtueller Realitéit’’ goen. Ma dat wäert sech den 8ten Dezember änneren. No enger Inauguratiounsfeier de 7ten Dezember,mécht d’Notre Dame de Paris den Dag dorobber hier Dieren nees op an no enger Joer laanger Paus gëtt erëm eng Mass an der Kathedrale gehaalen. 5 Joer hu d’Renovéierungsaarbechte gedauert, an och wann déi weltbekannte Kathedrale geschwënn erëm fir de Public zougänglech ass, ginn d’Aarbechten no der Reouverture nach weider. Dëst hält awer d’Paräisser aus dem Quartier latin a Saint-Michel net dovunner of sech iwwert dës Nouvelle ze freeën.
Eng Woch laang sollen d’Feierlechkeete ronderëm d’Reouverture vun der Notre Dame daueren. Dozou gehéiert e volle Programm mat verschiddene kulturellen a reliéise Zeremonien. Dono kann d’Kierch nees normal vum Public visitéiert ginn, allerdéngs muss een sech elo am Internet e Creneau am Viraus reservéieren, wann een net 2-3 Stonne waarde well fir eran ze kommen. Et gi pro Joer em déi 15 Millioune Visiteuren an der Notre Dame erwaart, esou den Olivier Josse, Generalsekretäre vun der Kathedrale. Dëst sinn 3 Millioune méi ewéi nach virum Brand.