
Dann wëll een de Weekend den Auto nach besonnesch schéin maachen fir an engem propperen Auto en Ausflug mat der Luxmaschinn ze maachen a fiert an eng Wäschstrooss, a soubal een bei der Schwéiermamm ukënnt mierkt een dass den Auto eng Téitsch huet. Wien bezilt? Wien kënnt fir de Misär op? De Gerant vum Car Wash (tunnel de lavage) oder deen mat de 4 Rieder bis eragefuer ass?
De Mâitre Jean-Jacques Schonckert seet, d'Saach ass ganz kloer.
De Prinzip ass deen, dass den Auto muss propper an natierlech och ganz muss aus der Wäschanlag eraus kommen an och dass de Leit näischt geschitt, et sief de Client hält sech net un d'Virschrëften. De Client muss de Problem och direkt mellen, den Ticket halen a Beweiser bréngen. Et kann een an deem Fall och Zeie mat bréngen. Den Auto dee ganz era geet muss och ganz a propper eraus kommen.
Et gëllt also Beweiser ze bréngen. Awer wéi beweisen ech, dass de Kraatzer oder d'Téitsch an der Wäschstrooss geschitt ass?
Wann dat schnell gemellt gëtt huet den Exploitant seng Haftflicht, mellt dat senger Assurance an da kënnt en Expert an déi mierke relativ séier wann een do wollt fuddelen. Et gëtt also eng Expertise gemaach an da gëtt och gekuckt ob de Client sech un d'Instruktioune gehalen huet esou wéi et kloer vum Exploitant affichéiert gouf.
A wa mer scho bei de Schëlter sinn, dat hei ass och wichteg ze wëssen.
Wann do e Schëld ass wou drop steet, dass de Proprietär all Responsabilitéit vun sech ewech weist, da muss ee wëssen, dass esou eng Klausel Null an Nichteg ass.