
© RTL / Raab Entertainment / Julia Feldhagen
Wann 'een' op der däitscher Televisioun schonn bal alles moderéiert, dann den 'Elton'. Wann een schonn fir d'ARD, ZDF, den NDR, Pro7 an RTL virun der Kamera stoung dann den 'Elton'. A warscheinlech heescht dofir och dem 'Elton' seng nei Show déi den Owend um 20h15 bei RTL Première huet ganz einfach ' Eltons 12'. Hei begréisst hien 12 Promien déi ... mee dat erkläert hien eis am beschten selwer.
Dem Stefan Raab säin éiwegen Showpraktikant duerf no 'Schlag den Star' elo e Format presentéieren dat nach méi opwänneg produzéiert ass a wou net just 2 Leit sech duelléieren mee direkt eng Dosen Promien gefuerdert sinn, déi sech net just engem Quiz stelle mussen.
Spannend gëtt et also den Owend um 20h15, där klassescher Auerzäit, der 'Primetime' beim Fernsee. Fir wéi eng Sendung a fir wéi e Showmaster konnt hien sech dann an der Zäit begeeschteren a war eppes wéi säin Virbild?
An dat hei sinn déi 12 déi sech den Owend matenaner moossen. Tom Beck, Fabian Hambüchen, Jasna Fritzi Bauer, Johannes Strate, Negah Amiri, Twenty4Tim, Axel Stein, Sarah Engels, Cathy Hummels, Stella Tiana Stegmann, Christian Jährig an de Nemo, Gewënner vum ESC.