Iwwergewiicht an Obesitéit sinn déi chronesch Erkrankungen, déi am séiersten zouhuelen. 2020 waren 2,6 Milliarden weltwäit entweder dat eent oder dat anert. Fir 2035 gëtt gerechent, dass et schonn 4 Milliarde Mënschen sinn. Den Dr Marc Keipes aus dem GesondheetsZenter op der Gare huet sech dofir eng Etüd erausgepickt déi de Problem erkläert.

An dëser Multicenterstudie sinn iwwer 15.000 Leit a 5 Länner mat Fitness- a Schloftracker ausgerëscht ginn, an si haten an der Moyenne 54 Joer. Am Ufank ass festgestallt ginn, dass si 7 Stonne geschlof hunn - wat relativ gutt ass - 3 Stonnen stoungen, 1,5 Stonnen liicht aktiv waren, 1,3 Stonnen pro Dag e bësschen méi staark kierperlech aktiv waren, mee de Gros vun der Zäit 10,4 Stonnen ware se 'sédentaire', also se haten entweder Bürosaarbecht oder souzen virun der Tëlee.

Dr Marc Keipes - Etud iwwer Iwwergewiicht

Mat egal wat een déi Sedentaritéitszäit ëm nëmmen 30 Minutten reduzéiert huet, goung d'Gewiicht, also de BMI an och de body fat erof.

Kloer, wann een elo 30 Minutten sëtzen duerch Sport ersetzt, gëtt dat natierlech besser, mee souguer wann ee sech amplaz ze sëtzen nëmme stellt, wärend enger hallwer Stonn huet dat en Effekt op de BMI vun ongeféier 0,4. Natierlech ass den Zocker an Triglizeriden (eng Zort Bluttfett) bei deene Leit déi sech méi beweegt hunn och erëm besser ginn. Also notzt dat wegl, notzt äre Fitnessauer net just fir d'Auer an SMS'en ze liesen. Gitt Iech erreechbar kleng Zieler a schafft dorobber hin, da bleift dir gesond.

Dr Marc Keipes - Iwwergewiicht reduzéieren