
© Gudde Wëllen
Zwee jonk Leit, déi eppes op d'Bee stellen:
D’Mia Kinsch an de Gregory Fonseca organiséieren zesummen eng Tombola. D’Suen, déi erakommen, gi fir de gudden Zweck an d’Ukrain, méi genee un e Projet vun der Asbl l’UKraine.
Mia Kinsch: "Deen heescht 'Ukraine is calling'. Bei deem Projet sammele se Suen, fir Evakuatiounsgefierer kënnen ze finanzéieren."
De Gregory Fonseca ass vun der asbl Lukraine. Wéi laang gëtt et de Projet schonn a wat hutt Dir bis elo erreecht?
Gregory Fonseca: "Dee Projet gouf virun zwee Joer an d' Liewe geruff, krut 2023 och de European Citizenship-Präis. Mëttlerweil goufen eng 80 Gefierer schonn dohinner geschéckt. Mee jo, de Krich ass leider nach ëmmer amgaangen an de Verschleis ass immens grouss an dofir brauche mer ëmmer, ëmmer weider Gefierer."
Ee Bong fir d’Tombola Solidaire kascht 10€, d’Sue ginn integral un d’asbl LUkraine. Wéi kann ee mat maachen?
Mia Kinsch: "Tickete kann een entweeder an de Gudde Wëlle kafe goen, vu dass d' Ausléisung den 13. Dezember wäert am Gudde Wëlle stattfannen oder et kann ee se bei mir selwer kafen oder beim Gregory selwer kafen. Dat heescht, et kann een eis och op Social Media schreiwen, wann een net selwer kann sur place kommen."
Dem Mia an dem Greogry hir Kanäl verlinke mir Iech natierlech online!
Last but not least: wat gëtt et dann ze gewanne bei där Tombola?
Mia Kinsch: "Et gi Bongen ze gewanne fir zum Beispill an de Yoga, et gëtt Wäin ze gewannen, et ginn och Kajot'e Béier ze gewannen, et ginn allméiglech Prints a Fotoen ze gewannen. Zum Beispill gëtt den Alain Welter zwee Prints, d'Lisa Junius mécht mat, de Luan Lamberty, ech selwer, de Michel Kremer, de Jeremy Palluce, a nach vill méi."

© Gudde Wëllen