Den André Jung ass een vun de bekanntsten Acteuren zu Lëtzebuerg deen am Film beispillsweis de Superjhemp verkierpert huet. Mir ginn dës Woch gewuer wéi eng hien, als Student, der Direktioun am Lycée gespillt hat, wéi en Androck d'Schauspillschoul bei him hannerlooss huet, an op ee mat der Konscht räich gëtt. Am 'Café des artistes' zielt hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten awer och wéi hie mat 48 en Hiereschlag op der Bün gemaach huet a firwat säin Enkelkand 'Knuppi' heesche soll. Piano: Marc Schmidt

02-12-2024 RTL-Afterwork: mam André Jung (Méindeg)

Muer géint 17h15 zielt den André Jung dass hien säin Talent quasi vu Mamm a Papp an d'Wéi geluecht krut. De vill beschäftegen Acteur verréit dass hien ëmmer e Faibel fir d'Trakteren hat an zielt wéi hien an der Schoul de Spunnes mam Proff gemaach hat.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen