Hien ass e Vollbluttschauspiller, egal op am Tatort, dem Polizeiruf 110, engem däitschen Fernseefilm, als Superjhemp oder op de Brieder déi fir hien d'Welt bedeiten. Am 'Café des artistes' versichen den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten erauszefannen wouhier de Spilldriff vun deem Lëtzebuerger kënnt deen an Däitschland grouss Karriär gemaach huet. Piano: Marc Schmidt

03-12-2024 RTL-Afterwork: mam André Jung (Dënschdeg)

Muer géint 17h15 zielt den André Jung, dass en och op der Schauspillschoul Virspriecher fir déi aner war a sech do eng Kéier mam groussen Regisseur Claus Peymann ugeluecht hat. Hien verréit awer och dass deemools dacks d'Nuecht zum Dag gemaach gouf, a mir héieren wat alles bei him op der Bün schif gelaf ass, a wat och alt emol an d'Klinik gefouert huet.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen