Den André Jung ass e Charakterkapp. Aktuell spillt den Acteur am TNL am Samuell Beckett sengem 'Endspiel'. Haut ass nach eng Virstellung an dann den 8, 9 an 10ten Januar um 19h30. Am 'Café des artistes' huet de Jonglënster Jong deen zu München lieft den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten mat a seng eege Vergaangenheet geholl an zréck gekuckt op seng Jugend. Piano: Marc Schmidt

04-12-2024 RTL-Afterwork: mam André Jung (Mëttwoch)

Muer géint 17h15 zielt den André Jung, dass hien och emol Nummeren bei engem Clown ofgekuckt huet an dat awer richteg schif gaangen ass. Den Acteur beschreift awer och, wéi hien mat 48 Joer wärend enger Virstellung en Hiereschlag gemaach huet an duerno eng Liewesbeicht ofgeluecht huet.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen