
© Patrick Greis
Fir den Acteur André Jung waren den Theater Basel, d'Schauspillhaus Hamburg an d'Schauspielhaus Zürich eenzel Etappen ier et hien an den Ensembel vun de Münchener Kammerspiele gezunn huet. Am 'Café des artistes' am Gronn huet de Schauspiller dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten verzielt, wat alles op der Bün geschitt ass, wat sou net geplangt war. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt den André Jung, dass hien schonn mam Al Pacino senger Fra an engem Film gespillt huet. Mir gi gewuer, dass hie bal eng Kéier e Präis kritt hat fir en Hond deen hie verkierpert huet, an hien zielt eis firwat hie wollt dass säin Enkelkand 'Knuppi' gedeeft gëtt.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen