
© Patrick Greis
1981 an 2002 gouf den André Jung vun 'Theater heute' zum Schauspiller vum Joer gewielt. Awer och de 'Rita-Tanck-Glaser Schauspielpreis' vun Hamburg, den éisträicheschen 'Nestroy-Theaterpeis' oder 'Das letzte Band' bei de Salzburger Festspiller huet hien doheem. Am 'Café des artistes' huet den Acteur - deen och a villen TV a Filmrollen ze gesinn ass - mam Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten seng Gedanken gedeelt. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 gëtt den André Jung zou, dass en dacks ongedëlleg ass an hien keen einfache Patréiner ass. Mir héieren wéi e Wee hien ageschloen hätt wann dat mat der Schauspillerei näischt ginn wier a ginn gewuer wéi e Problem dass et gouf mat de Stiwwele vum Superjhemp am Film.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen