
© Patrick Greis
Den gefeierten Acteur André Jung iwwerzeegt mat sengem Talent am klassesche Fach op der Bün genee sou wéi och an den TV-Filmer oder am 'Superjhemp retörns' um groussen Ecran. Am 'Café des artistes' am Gronn huet hien beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten méi perséinlech Téin ugeschloen an huet en Abléck a seng eege Roll ginn, déi de Bouf vu Jonglënster zanter 70 Joer spillt an deen grouss Karriär an Däitschland an an der Schwäiz gemaach huet. Piano: Marc Schmidt
Déi nächst Woch géint 17h15 ass et um fréieren grénge Minister Henri Kox. Hien verréit wéi et ass zu 11 Kanner doheem ze sinn, mir ginn gewuer firwat hien den Internat zu Arel huet missten verloossen, duerch wéi en Ëmstand hien mat der Politik a Verbindung koum, a firwat Fliedermais fir den Hobbywënzer sou wichteg sinn.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen