
© Nainoa Shizuru on Unsplash
Wat ass dëse Weekend lass?
Fir d'éischt e puer Manifestatioune ronderëm den Télévie:
Gëschter Owend war de Startschoss vum Télévie-Zenter Schengen, dat um Wantermoart um Baggerweier zu Rëmerschen. Haut a muer ass de Moart vun de Moien 11 bis den Owend 8 op.
Och zu Méischdref gëtt fir den Télévie gesammelt, haut a muer ass do Chrëschtmaart.
A muer ass d'Biermerenger Kiermes op där d'Chorale Ste. Cécile den Hämmelsmarsch séngt, an och do geet en Deel vum Erléis un den Télévie.
Nach bis den 22. Dezember dauert den eelste Chrëschtmaart am Land, deen zu Déifferdeng, mat haut den Owend enger 80er, 90er Party a muer ënner anerem dem legendäre Chrëschtlaf duerch Déifferdeng.
Och am Norde sinn d'Stied an d'Dierfer festlech dekoréiert. Zu Klierf ass muer de grousse Chrëschtmaart op der Maartplaz.
An nach 2 Concerte fir muer den Owend: Sofi Tukker am Atelier.
An Deichkind an der Rockhal.