80 Battle of the Bulge a Concerten.

18/01/2025 Agenda fir de Weekend

Ënnert dem Motto "A walk through history" ginn zu Bettenduerf 80 Joer Befreiung gefeiert. Vun eng Auer u mat engem Marsch, mat engem Ëmzuch vun historesche Gefierer a 5 Concerten, dorënner ee vun der US Army Band.

Concert den Owend och vum Lëtzebuerger Projet Pleasing an der Kulturfabrik zu Esch.

REFRAIN PLEASING -BLEAK

Nieft der Presentatioun vun den zwou EPen "For us to escape" an "For us to feel lonely" vu Pleasing, ass den Owend och de Maz Universe am Asaz. D'Diere ginn um 8 op.

Den Owend um 8 invitéiert d'Harmonie Gemeng Mamer op hire Galaconcert an de Kinneksbond zu Mamer. D'Jugendmusek spillt ënner anerem d'Musek aus dem Dschungelbuch an d'Harmonie verzaubert mam Sound vum Orient Express.

Een anere Galaconcert ass muer den Owend um 5 op der Musel. Am neie Centre Cultruel Machera zu Gréiwemaacher proposéiert d'Harmonie Municipale Gréiwemaacher Stécker ënnert der Iwwerschrëft Myths & Legends.