
© US actress Auli�??i Cravalho and US actor Dwayne Johnson star in 'Moana 2,' which led this week's box office numbers © AFP/BENJAMIN CREMEL
Moana 2 a Vaiana 2 elo am Kino. ''Moana'' heescht d'Titelheldin an der Originalversioun, der US-Versioun. Ma an der Däitscher Synchronisatioun schwätzt ee vum ''Vaiana''. An Italie leeft de Film esouguer ënnert dem Titel Oceania 2 an de Kinoen. Et wier eng rechtlech Geschicht, firwat d'Filmer anescht heeschen an d'Nimm geännert goufen. A Spuenien ass Moana eng Mark, an Italie fäert een op net jugendfräie Contenu ze falen am Internet, wann een no Moana sicht. Also dofir d'Nummännerung fir déi meescht europäesch Länner.
Elo ass den 2 Deel an eise Kinoen, Ufanks war d'Iddi, eng Serie op Disney+ ze maachen. Ma elo gouf et awer e Film an entgéint den net immens begeeschterte Kriticken, huet dësen 2. Moana/Vaiana-Computeranimatiounsfilm vun Disney um laange Thanksgiving-Weekend an den USA Rekordzuelen opweises. 221 Milliounen Dollar konnt den zweeten Deel do aspillen an domadder ''Frozen 2'' esouguer iwwertrompen, dee bis elo de Rekord um Thanksgiving-Weekend intus hat.
Ëm wat geet et? Mir sinn nees a Polynesien, wou d'Vaiana/Moana mat sengem Stamm lieft. Nodeem s hatt eng Noriicht vun senge Virfare krut, geet et eraus op d'Mierer vun Oceania, dës Kéier net eleng mam Hallefgott Maui, ma och mat enger Trupp Séifuerer, déi sech op onbekannten Aventure woen. Si maache Bekanntschaft mat engem Naturwiesen, dat d'Gläichgewiicht tëscht Land a Mier bedrot an nees muss d'Vaiana/Moana säi Verbonne-Sinn mam Mier asetze fir seng Heemecht ze retten.
Gutt géif een doen, den 1. Deel gesinn ze hunn, well den 2. Deel ass eng Suite vum 1. Film an domadder net genuch. Och en 3. Deel soll et ginn, allerdéngs ob wierklech a wéini ass net gewosst. Den 1. Deel vu Vaiana/Moana als Real-Verfilmung wier awer an der Maach, mat an der Roll vum Hallefgott Maui wier den Dwayne Johnson, dee senger Figur schonn d'Stëmm am Computeranimatiounsfilm léint.