
© Patrick Greis
Geléiert huet den Henri Kox fir Ingenieur, war Proff am Lycée des Arts et Métiers, an als Member vun 'déi gréng ' war hien 15 Joer Deputéierten a spéider Minister. Am 'Café des artistes' am Gronn verréit de Pensionnaire dës Woch dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten wéi et ass zu 11 Kanner doheem ze sinn. Mir ginn gewuer firwat hien den Internat zu Arel huet missten verloossen, duerch wéi en Ëmstand hien mat der Politik a Verbindung koum, a firwat Fliedermais fir den Hobbywënzer sou wichteg sinn. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt den Henri Kox, dass seng Mamm fir d'ganz Famill alt ee Joer 28 Zorten Gromperen gesat hat. Mir kucken am Detail iwwer de Stammbam an héieren dass d'Wënzer et an der Zäit mat der Wourecht net ëmmer sou eescht geholl hunn.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen