
© Pixabay
E gudden Tipp fir all Zort vu Planzen an am beschten och bei all Joreszäit. Beim Grénge Jeannot geet et haut net ëm déi baussen an der Natur, mä bannen am Haus, eis Zëmmerplanzen. Am Wanter hu jo virun allem si et net einfach. D'Deeg si méi kuerz, se kommen net u souvill Luucht, also manner Luucht fir d'Blieder vun de Plazen déi mer bannen stoen hunn.
En anere grousse Problem sinn déi grouss Temperaturschwankungen.
Mä mat zwee ganz einfachen Tricken kommen och si gutt duerch déi kal Joreszäit. Et soll ee se virun allem net stressen. Thema "nätzen". Do soll ee sech net verréckt maachen.
07/12/2024 Gaardentipp (1): Richteg nätzen
Déi zweet Saach déi relativ einfach ëmzesetzen ass, dat ass wann ee Waasser op d'Blieder vun de Planze sprayt
07/12/2024 Gaardentipp (2): Blieder besprayen
2 kleng Tricken: nätzen an d'Blieder besprayen déi et de Planzen bannen vill méi einfach mécht fir iwwer de Wanter ze kommen.
Am meeschte gelies