Déi lescht Nuecht war nees d'Hollywood Party of the year, wéi d'Iwwerreechung vun de Golden Globes nach genannt gëtt. Am Beverly Hilton Hotel huet fir déi éischte Kéier an der Geschicht vun dësem Event eng Fra eleng duerch den Owend gefouert, an dat war d'Nikki Glaser

06/01/2025 Golden Globes 2025

Gutt frech, gutt gemaach. Dat Bescht, si war och esouguer mat hirer Stand Up Comedy Show ''Someday you''ll die'' nominéiert. Awer net gewonnen, dee Golden Globe ass do un d'Ali Wong gaangen fir hir Show ''Single Lady''.

All d'Gewënner duerchhuele kënne mir net, well d'Golden Globes ginn a 27 Film- an Televisiounskategorie verdeelt an dernieft ginn et och nach 2 Éieren-Golden Globes.

Do hunn d'Membere vun der Hollywood Foreign Press Association vill ze dinn, well et si si, déi decidéiere wien déi bescht amerikanesch an auslännesch Produktiounen, Filmer wéi Serien, Klenger a Grousser, wéi och Kënschtler sinn. An da gëtt och nach tëscht Drama a Komedie ënnerscheet.

RTL

© US actress Demi Moore won a Golden Globe for 'The Substance' © AFP/Robyn Beck

Bei Drama Kino geet de Golden Globe un ''The brutalist'' mam Adrien Brody, deen och de Präis kritt fir de beschten Acteur, an dee bei senger Ried senger Famill Merci seet, déi wéinst dem 2. Weltkrich deemools huet misste flüchten.

Ëm dat Auswandere geet et och am Film. En 3. Golden Globe fir ''The brutalist'' ass da fir de Brady Corbet, deen als beschte Regisseur ausgezeechent gëtt.

RTL

© "Emilia Pérez"-Regisseur Jacques Audiard © AFP/Etienne Laurent

Weider Kino, ma Comedy/Musical Spart, do iwwerzeegt de Film ''Emilia Perez'', dee fir 10 Kategorien nominéiert war.

Dee Film kritt och de Präis an der Kategorie ''Best Motion Picture - Non-English Film''. Nieweroll gewënnt do d'Zoe Saldana. An de Best Original Song 'El Mal' geet och un de Film ''Emilia Perez'' vum Jacques Audiard, deen esouguer un der Filmmusek matgeschriwen huet, nieft Clément Ducol a Camille.

Nach emol zréck bei déi beschten auslännesch Filmer, do war Lëtzebuerg dach och nominéiert.
Déi Franséisch, Indesch, Hollännesch a Lëtzebuerger Koproduktioun „All We Imagine as Light“ war do nominéiert, an och der Kategorie fir beschte Regie. Mä leider ass et dobäi bliwwen.
 

An den Haaptrolle bei de Fraen kinnt och d'Demi Moore iwwerzeegen.
An et ass den éischte Präis, deen déi amerikanesch Actrice bis elo an hirer 45 Joer laanger Karriär gewonnen huet, elo am Film ''The substance'' gefouert an der Kategorie Comedy/Musical. An si huet eng gutt Ried gehalen.

A genee ëm Schéinheet an alles wat een do mécht, dorëms geet et am Film ''The Substance''.
Beschten Zeechentrickfilm ass ''Flow', de Film ''Wicked'' kritt de Präis fir beschte Resultater an der Kinoskeess als Blockbuster, déi Kategorie gouf dat lescht Joer agefouert.
Dann eriwwer bei d'Tëlee an do freeë sech bei der Produktioun ''Shogun''. Do gouf et 4 Golden Globes, fir de beschten Drama, beschte Fraeroll, beschte Männerroll, beschte Männer-Nieweroll

Bei der Tëlee kënnen et Filmer sinn oder Serien, déi hei ausgezeechent ginn, et sinn da kloer d'Serien, déi hei dëst Joer gewonnen hunn, wéi och ''Baby Reindeer''.

2 Golden Globes fir dës Serie, déi op enger richteger Geschicht baséiert, um Liewe um Richard Gadd. Beschte Fraeroll an beschte Produktioun. Da kritt ''Hacks'' nach 2 Präisser, ''The bear'' ee Golden Globe.  D'Jodie Foster dierf sech iwwert e Golden Globe fir ''True Detective: Night Country'' freeën an de Colin Farrel iwwerzeegt an der Serie ''The Penguin''

RTL

© Comedian Nikki Glaser is hosting the Golden Globes © AFP/Etienne Laurent

Onbedingt kucken?

''Flow'' e Golden Globe fir beschten Animatiounsfilm. Wat ass wann d'Welt ënnergeet an e puer Déieren iwwerliewen? En ass immens schéi en plus gemaach. A keen Déier schwätzt am Film, nach esou vill.