
An enger Zäit, wou Tourismus boomt an ëmmer méi Leit d’Welt entdecken, ginn et och Plazen, déi mir verléieren - entweder duerch Renovatioun, Schutzmoossnamen oder well se fir ëmmer verschwonne sinn. Haut presentéiere mir e puer Attraktiounen, déi 2025 net, oder net méi zougänglech sinn.
Las Vegas, Kyoto, Berlin – mir starten eis Rees an der Wüüst Nevada. De weltberüümte Strip huet zwee bekannt Hoteller verluer: Den Tropicana gouf gesprengt, fir e Baseballstadion opzebauen an de Mirage gëtt mat engem neien Tuerm a Gittare-Form ëmgebaut. De Vulkan gëtt ofgerappt an den Hard Rock Hotel Las Vegas entsteet.
Weider geet et op Kyoto a Japan, wou d’Geishaen duerch Touristen iwwerlaascht sinn. Als Schutz gouf e Fotografierverbuet festgeluecht an e puer Stroossen an der Alstad gespaart. Et ass e wichtege Schrëtt, fir de Respekt géintiwwer de Geishaen an hirer Traditioun ze garantéieren - och wann et fir Diskussioune suergt.

An Europa gesi mir och Changementer: De Pergamonmuseum zu Berlin bleift nach méi wéi 10 Joer zou an de Centre Pompidou zu Paräis mécht 2025 seng Dieren fir fënnef Joer zou. Hei geet et gréisstendeels ëm Renovatiounen. Dat heescht déi Saache ginn och iergendwann nees op.
Am Utah ass eng Attraktioun awer elo ganz verschwonnen: Den Double-Arch Steebou am Glen Canyon National Recreation Areas zesummegefall, wat e Verloscht vun engem natierleche Wonner bedeit. Dat weist awer, wéi fragil Monumenter a Natur kënne sinn a motivéiert Leit hoffentlech, hiren Impakt op d'Rees z’iwwerdenken.
Zum Schluss kucke mir op Taiwan an d’USA, wou Plazen wéi d’Wayfarers Chapel a Kalifornien oder d’Pagoden zu Kaohsiung fir Renovatiounen zou sinn.
D’Welt bleift a Beweegung a mir mussen eis unzepassen. Reesen heescht net nëmmen entdecken, mä och respektéieren an erhalen.
