
© afp
Dëst Joer sinn nees vill flott Filmer am Kino ze gesinn. D’Renée Zellweger ass als Brigdet Jones zeréck, an den Anthony Macky verkierpert den neien Captain America. Wei gesäit de Kinosprogramm dëst Joer aus, Shawna Fonk?
Bridget Jones: Mad About the Boy
Den 12. Februar ass d’Bridget Jones, gespillt vum Renée Zellweger, nees zeréck am Kino. No 8 Joer huet sech dem Bridget säi Liewen zimmlech verännert. Als elengerzéiend Mamm probéiert d’Bridget säi Liewe mat Hëllef vu senge Frënn a senger aler Flam Daniel Cleaver, gespillt vum Hugh Grant, op d’Rei ze kréien. An wéi wann dat net scho komplizéiert genuch wier, verléift hat sech an zwee ganz verschidde Männer. U wie hatt säin Häerz um Schluss verschenkt, mir si gespaant.
Captain America: Brave New World
De 14. Februar kënnt en neie Marvel Film an de Kino. De Sam Wilson, verkierpert vum Schauspiller Anthony Macky, ass den neie Captain America. An engem Laf géint Zäit probéiert hien engem Gangster seng béis Pläng ze duerchkräizen, an d’Welt ze retten ier et ze spéit ass.
Snow White
D’Schneewitchen ass déi 7. Disney Prinzessin, déi hire reelle Film kritt. Vum 21. Mäerz u kann een d’Geschicht vum Schneewitchen, gespillt vum Rachel Zegler, de 7 Zwergen, an der béiser Kinnigin an de Kino kucke goen.
Mission: Impossible - The Final Reckoning
“Mission: Impossible – The Final Reckoning” ass eng direkt Fortsetzung vun “Mission: Impossible – Dead Reckoning Part One”, an den 8. Film an der erfollegräicher Mission: Impossible Rei. De Film mam Tom Cruise an der Haaptroll kënnt den 23. Mee an d’Kinoen.
Superman
Bis elo ass de Superman vum Schauspiller Henry Cavill verkierpert ginn. Am neie Superman Film, deen den 11. Juli an d’Kinoe kënnt, iwwerhëlt den David Corenswet d’Roll vum beléifte Superheld. De Film konzentréiert sech op déi jonk Jore vum Clark Kent aka Superman, a sengen Ufäng als Journalist.
Wicked: For Good
2024 war den éischten Deel vum Film "Wicked" am Kino ze gesinn. Am 2. Deel, deen een ab dem 21. November an de Kino kucke ka goen, geet d’Geschicht vum Elphaba, der béiser Hex aus dem Westen, weider.
Avatar 3: Fire And Ash
Den Jake Sully, gespillt vum Sam Worthington, an d’Neytiri, gespillt vum Zoe Saldana, hunn um Enn vun Avatar 2 d’Waasserräich vum Metkayina-Clan zu hirer neier Heemescht gemaach. Friddlech wäerten si do awer net liewe kënnen. Schliisslech ass de béise Miles Quaritch nach ëmmer um Liewen. Wei d’Geschicht vun Avatar weider geet, a wien nach alles um Planéit Pandora wunnt, gitt Dir ab dem 19. Dezember gewuer, wann de Film an de Kino kënnt.