Se si konterbont an hunn e schéinen Design, deen als eenzeg Aufgab huet eis dozou ze verleeden drop ze drécken. D'Ikone vun de sëllegen Applikatioune fir eise Smartphone gesi net zoufälleg sou aus wéi se ausgesinn.

08/01/2025 Firwat dat Eckegt bësse ronn ass

Huelt mol Ären Handy an da kuckt Dir Iech di kleng Ikone vun ären Appe méi genee un. Facebook, Insta, Whatsapp... all di kleng, op den éischt Bléck harmlos, Billercher hunn eppes gemeinsam. Si sollen Iech dozou verleeden, direkt an onbedéngt drop klicken ze wëllen.

RTL

© Pixabay

Whatsapp a Messenger gesinn z.B. bëssen aus wéi Knäppercher. A sëllegen Etüde gouf confirméiert, dass scho kleng Kanner gären op Knäppercher drécken. Alles wat mat engem Knäppchen erleedegt ka ginn, gëtt als automatesch a bequeem wouergeholl. Net nëmmen di grouss Entreprisen aus der Welt vun de soziale Medie wëssen dat ze notzen.

RTL

© Pixabay

Kreesser am Logo, ofgerënnte Kanten, an och di richteg Schattéierungen an deem ganzen Design verleeden eis ënnerbewosst dozou, op di App ze klicken fir dann do méiglechst séier, net nëmmen eng immens wichteg Informatioun ze fannen, mee och eist Geld fir immens wichteg Artikele lass ze ginn. Wéi déi do ugebuede ginn, beschäftegt nach eng Kéier e ganz anere Volet vun der Psychologie.

RTL

© Pixabay

D'Appe fir eise Smartphone si sou konzipéiert, datt se d'Opmierksamkeet op sech zéien an esou erausstiechen, dass mir Useren eis och sécher domat beschäftegen. Puer Beispiller?

RTL

© Pixabay

De Feil vun Amazon wierkt z.B. frëndlech a gesäit aus wéi de Grëff vun engem Pak, deen also séier geliwwert ka ginn.

RTL

© Pixabay

Den Instagram-Logo erënnert eis un eng cool al Polaroidkamera. An di ronn Lëns reegt un fir drop ze klicken.

RTL

© Pixabay

Aus dem ronnen Twitter-Villchen ass net zoufälleg een X ginn. De Buschtaf wierkt sou, wéi wann eis Fangerspëtzt genee do drop lande wéilt.

RTL

© Pixabay

YouTube huet e kloert Play-Symbol an der Mëtt. Do dréckt een dach gären drop. D'Ikon vu Spotify gesäit aus wéi en Apparat fir e Fangerofdrock ze liesen. An zack, hu mir drop geklickt.

RTL

© Pixabay

A wann Dir lo méi genee duerch Är Appe kuckt, gesitt Dir bestëmmt nach méi Logoen déi no deene Krittäre gestylt goufen. Vill Entreprisen bidden hir Applikatioune souguer mat verschidde Symboler am App Store un, a behalen um Enn deen Design bäi, deen am meeschten erofgeluede gouf.