
© afp
Op der Streaming Plattform Disney Plus kommen dëst Joer vill flott Serien eraus: Vun der 4. Staffel vun "The Bear" bis hin zu der 2. Staffel vun der Star Wars Serie "Andor". Mir ginn Iech e klengen Iwwerbléck, Shawna Fonk.
Paradise
Disney Plus huet annoncéiert, datt déi nei Drama Serie « Paradise » den 28. Januar eraus komme soll. D’Geschicht spillt an enger friddlecher Communautéit mat villen aflossräiche Perséinlechkeeten. Dës Rou gëtt awer abrupt zerstéiert nodeems de President Cal Bradford ëmbruecht gouf. D’Investigatioune vum Mord um President wäerten sou munch knaschteg Geheimnisser opdecken.
Daredevil: Born Again
An der Marvel Serie “Daredevil: Born Again”, kämpft den Affekot Matt Murdock, verkierpert vum Schauspiller Charlie Cox, fir Gerechtegkeet. De Matt ass zwar blann, mee hie verfüügt iwwert speziell Superkräften, déi him dobäi hëllefen, béis an hannerlëschteg Charakteren ze besäitegen. De Start fir d’Serie ass fir de 4. Mäerz geplangt.
The Handmaid’s Tale
Dëst Fréijoer kënnt déi 6. an domadder och déi final Staffel vun der dystopescher Serie "The Handmaid’s Tale" op Disney Plus eraus. D’Geschicht baséiert op dem Roman vun der amerikanescher Autorin Margaret Atwood, deen 1985 publizéiert gouf. D’Serie behandelt relevant Theme wéi Misogynie, d’Patriarchat, a Fraerechter. Virun allem wärend der #MeToo Beweegung an dem Trump senger Presidentschaft, déi hien dëst Joer nees iwwerhuele wäert, hat d’Serie vill néi Zuschauer dozou gewonnen.
Star Wars Andor
Den 22. Abrëll verëffentlecht Disney Plus déi zweet Staffel vun der Star Wars Serie «Andor». Déi 1. Staffel goung ëm de Cassian Andor, gespillt vum Diego Luna. Am Laf vun engem Joer verwandelt hien sech vum Klengkriminellen zu engem Mann, dee bereet ass de Rebellen am Kampf géint dat korrupten "Galactic Empire" ze hëllefen. Wéi säin neit Liewen als aktive Member vun der Rebellioun weider geet, gitt Dir dann an der neier Staffel gewuer.
The Bear: Staffel 4
Fir Fans vun der Stären-Kiche gëtt et eppes ze feieren: Am Summer 2025 soll déi 4. Staffel vun “The Bear” released ginn. An der Serie geet et ëm de jonke Kach Carmy Berzatto, gespillt vum Jeremy Allen White. Hien kënnt zeréck an seng Heemechtsstad Chicago fir sengem verstuerwene Brudder säi Sandwich Buttek ze iwwerhuelen. Eent ass sécher: Et dierf een sech op vill nei kulinaresch Kreatioune freeën, a gespaant si wei et mat deene verschiddene Charakteren an der chaotescher Welt vun de Stären-Restaurante weider geet.
Ironheart
De 24. Juni kënnt “Ironheart” op Disney Plus. No den Evenementer aus “Black Panther: Wakanda Forever”, stinn sech an dëser Marvel Serie modern Technologie a Magie géigeniwwer. Déi jonk an ambitionéiert Erfinderin Riri Williams, verkierpert vum Dominique Thorne, gëtt an e mysteriéist Abenteuer mam charmanten, mee onheemleche Parker Robbins aka "The Hood" verwéckelt. D’Serie ass eng dezent Uspillung un de Marvel Superheld Ironman, gespillt vum Robert Downey Jr. .
Chad Powers
De Schauspiller Glen Powell, deen een aus rezente Filmer kënnt wéi “Twisters” oder “Anyone but You”, verkierpert an der neier Komedie Serie “Chad Powers” de Russ Holliday, e fréiere College Football Spiller. De Russ hofft op eng zweet Chance, nodeems seng Karriär am amerikanesche Football duerch säi schlecht Behuele geplatzt ass. D’Serie soll am Hierscht dëst Joer erauskommen.
Percy Jackson and the Olympians
Och eng 2. Staffel vun der Serie “Percy Jackson and the Olympians” soll nach dëst Joer op Disney Plus released ginn. D’Geschicht baséiert op dem Rick Riordan sengem zweete Buch “Percy Jackson – The Sea of Monsters”, wou den Haaptcharakter Percy op d’Sich no sengem Beschützer a Frënd Grover Underwood geet. Dobäi begéinen him lauter Kreaturen, déi een och aus der griichescher Mythologie kënnt, wéi zum Beispill Zyklopen oder d’Hex Circe.