
© Galette des rois (CHASSENET / BSIP via AFP)
3 Kinneksdag gëtt de 6.1. gefeiert. E Brauch mat der Galette des rois, deen dir suivéiert? Oder maacht Dir do nach méi? Wéi elo och Kaddoen opmaachen, wéi se dat an Italien maachen ?
An e puer Länner op der Welt ass haut Feierdag. Op dësem Dag kréien ënnert anerem an Italien d'Kanner hir Chrëschtdagskaddoe vun der Hex Befana bruecht, de 6. Januar ass de leschten Dag vun der Chrëschtdagszäit. Et kann ee soen, dat ass e bëssen hire Kleeschen, wéi mir en dann de 6. Dezember zu Lëtzebuerg an an Holland feieren.
Do kommen dann och déi 3 Kinneken an d'Spill, déi dem Stär nogaange sinn an do op de Jesus gestouss sinn zu Betlehem.
D'Dräikinneksfest steet fir d'Erschénge vu Gott an der Welt, dofir kann een den Dag och nach Epiphanias nennen.
Eise Sproochmates Alain Atten erkläert den Dräikinneksdag: