
© pixabay.com
Den 20. Januar, also haut an enger Woch, gëtt den Donald Trump offiziell neien US-President. Dat well fir déi 2. Kéier. Mat republikanescher Majoritéit am Senat a wuel och am Representantenhaus an engem virun allem konservativ besate Supreme Court huet hie gréisstendeels fräi Hand d'USA a sengem Sënn ëmzebauen. Wann ee sech d'Lëscht vun de Leit ukuckt déi hie sech erausgesicht huet, da stéisst een op déi eng oder aner, soe mer mol, Iwwerraschung.
Den 20. Januar, also haut an enger Woch, gëtt den Donald Trump offiziell neien US-President. Dat well fir déi 2. Kéier. Mat republikanescher Majoritéit am Senat a wuel och am Representantenhaus an engem virun allem konservativ besate Supreme Court huet hie gréisstendeels fräi Hand d'USA a sengem Sënn ëmzebauen. Wann ee sech d'Lëscht vun de Leit ukuckt déi hie sech erausgesicht huet, da stéisst een op déi eng oder aner, soe mer mol, Iwwerraschung.
An eent wier domadder mol kloer. Den Trump sëtzt definitiv méi op Loyalitéit wéi op Erfarung.
Dat weist sech zum Beispill beim Pete Hegseth dee vum Trump fir de Poste vun der Defense gewielt gouf. Den zukünftege Verdeedegungsminister huet bis well en Job beim Trump sengem Liblingssender "Fox News". De Presentateur huet zwar fir de Krich am Irak an an Afghanistan gedéngt, ma huet awer u sech net zu de Favoritte fir eng Spëtzepositioun gezielt. Elo soll en dann awer Chef vun 1,3 Milliounen Zaldote ginn.
Wat d'Gesondheet ugeet, ass et den ëmstriddenen Impfgéigner a Verschwierungstheoretiker Robert F. Kennedy Jr dee fir dee Posten nominéiert gouf, de Jong vum fréiere Justizminister a Presidentschaftskandidat Robert F. Kennedy, deen 1968 genee sou wéi säi Brudder John F. Kennedy 5 Joer éischter bei engem Attentat erschoss gouf. Beim leschte Walkampf ëm den neie President vun den USA war de Robert F. Kennedy Jr fir d'éischt als onofhängege Kandidat ugetrueden éier en dunn am August decidéiert huet den Trump ze ënnerstëtzen. Fréier war de Kennedy e bedeitenden Affekot fir Ëmweltrecht, ma an de vergaangene Joren ass hie virun allem als Impfgéigner an als Verbreeder vu Verschwierungstheorien opgefall.
Eng weider ëmstriddene Persoun am Trump senger neier Regierung ass de Kardiolog an Tëleesdokter Mehmet Oz. Dëse soll Chef vun de Gesondheetssystemer Medicare a Medicaid (CMS) ginn. Béides si staatlech Programmer déi Kanner, aarme Leit, eelere Leit a Mënsche mat Behënnerung Zougang zu enger Krankeversécherung bidden. Zesummen decke se déi medezinesch Versuergung vun iwwer 140 Milliounen Amerikaner of. Den Oz huet wärend der Pandemie als Commentateur bei Fox News Schlagzeile gemaach an huet ëmstridde Behandlungsmethoden géint Covid-19 ënnerstëtzt déi den Trump och fir gutt empfonnt huet.
Am Walkampf hat den Trump jo well fir Opreegung gesuergt wou en ugekënnegt huet, den Educatiounsministère wëllen ofzeschafen. Elo soll d'Linda McMahon Amerika zu der "Nummer 1 a punkto Educatioun an der Welt maache" wéi den zukünftege President geschriwwen huet. Déi 76 Joer al Fra huet sech bis zulescht fir d'Educatioun vu Kanner agesat. Allerdéngs hat der McMahons hir berufflech Karriär bis dato näischt mat Bildung ze dinn. Zesumme mat hirem Mann huet si d'Wrestling Liga WWE grouss gemaach a war zäitweis och Cheffin dovunner. 2009 ass si awer an d'Politik gaangen an huet ënnert anerem ouni Succès probéiert an de Senat gewielt ze ginn.
An dann ass do nach den aktuell räichste Mann vun der Welt, den Elon Mask deen e ganz neie Ressort leede soll an zwar dee vun der Effikassitéit vun der Regierung. Wéi eng Aufgaben et hei ze erfëlle gëtt, weess zwar aktuell nach kee sou genee ma et schéngt wéi wann et hei ënnert anerem drëms goe géing d'Ausgabe vun der Regierung ze limitéieren.
Et kann een also gespaant si wat do sou op eis duerkomme wäert an ob déi eenzel Leit dann och bis Schluss bleiwen oder eventuell schonn éischter erausfléien. Eppes wat beim Trump jo näischt Ongewéinleches ass.