
© afp
Apple TV Plus bréngt an de leschte Joren ëmmer méi oft Serien eraus, déi op den éischte Bléck onscheinbar wierken, sech dann awer als ënnerschätze Meeschterwierker erausstellen. Verschidde Serië goufe souguer op der Plattform "Rotten Tomatoes" als bescht Showe vun 2024 ernannt. Et lount sech also ze kucken, wéi eng Serien dëst Joer nei op Apple TV Plus erauskommen.
Dope Thief
D’Première fir d’Serie “Dope Thief” ass fir de 14. Mäerz geplangt. D’Geschicht dréit sech ëm gutt Frënn, déi sech als Spezial Agenten ausginn, fir an en Haus anzebriechen. Bei hirer Aktioun stoussen si zoufälleg op déi gréisste Stopp vu Rauschgëft, a geroden an e liewensgeféierlechen Dilemma. Ënnert de Producer ass och de bekannte Film Direkter Ridley Scott, deen een zum Beispill vun de Filmer "Gladiator" kennt.
The Studio
An der Komedie Serie "The Studio" spillt de Seth Rogen e frësch ernannte Chef vun engem Film Studio an Hollywood. Zesumme mat sengen Aarbechtskolleege muss hien dem Drock an der Film Welt vun Hollywood standhalen, wat sech net ëmmer als einfach erausstellt. Aner Schauspiller déi e Gaascht-Optrëtt hu sinn zum Beispill de Zac Efron, de Martin Scorcese an d’Zoë Kravitz. D’Serie start de 26. Mäerz op Apple TV Plus.
Your Friends and Neighbours
Weider geet et den 11. Abrëll mat der Drama Serie "Your Friends and Neighbours". Hei geet et ëm een Hedgefong Manager, gespillt vum Jon Hamm, deen ufänkt mat klauen, nodeems hie säi Job verluer huet. An d’Haiser vu senge räichen Noperen abriechen, stëllt sech awer als fatale Feeler eraus: hie stéisst nämlech op geféierlech Geheimnisser, déi besser net hätten opgedeckt solle ginn.
Government Cheese
De 16. Abrëll kënnt "Government Cheese" op Apple TV Plus eraus. An der Komedie Serie, déi am Joer 1969 spillt, gëtt den Hampton Chambers, verkierpert vum David Oyelowo, aus dem Prisong entlooss. Nodeems hien erëm op fräiem Fous aus, stellt hien erstaunt fest, datt seng Famill hiert Liewen ouni hie weider gefouert hunn. Säi Retour suergt fir vill Chaos a witzeg Momenter.