
© Patrick Greis
De Claude Mangen ass fir d'Bün gemaach als Acteur, Regisseur oder elo als Direkter vum Mierscher Theater. Am 'Café des artistes' huet hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten verroden, wéi beim Éisleker alles ugefaangen huet, a mir ginn gewuer, dass do d'Massendénger net ganz onschëlleg waren. Mir héieren wéi den Thierry van Verwecke bei him zu Wien ënnerdaach koum, an op wéi eng originell Manéier hien säin 50ten gefeiert huet. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt de Claude Mangen dass säin Schoulmeeschter hien op de Goût bruecht hat Theater ze spillen. Mir héieren firwat hien haut léiwer hannert der Bün agéiert wéi virdrun a mir ginn gewuer, wéi e Plang hien sech afale gelooss hat, wann säin éischten Asaz op der Stater Bün an d'Box gaange wier.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen