
© Patrick Greis
Vum Bäckeschjong vun Eschduerf op d'Brieder déi d'Welt bedeiten, kënnt een dem Claude Mangen säin Wee beschreiwen, deen haut Theaterdirekter zu Miersch ass an och ëmmer nees als Regisseur selwer d'Fiedem vu Stécker zitt. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten direkt ee ganz wichtege Punkt ugeschwat, an dat sinn d'Massendénger. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt de Claude Mangen wéi seng Elteren säin Succès als Acteur ëmfonnt hunn. Mir stelle fest, dass een net vill Schlechtes iwwer de Regisseur héiert, awer hien erënnert sech selwer un zwou Produktiounen wou hien d'Nerven verluer huet an den Acteuren schro Saachen un de Kapp geheit huet.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen