Vum Acteur, iwwer d'Regieaarbecht bis hin zum Theaterdirekter zu Miersch geet d'Palette vum Claude Mangen, an hien geet kenger Challenge aus de Féiss, och wann et drëms geet e ganzt Duerf op d'Bün ze kréien. Am 'Café des artistes' huet hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten awer och verzielt wéi en selwer emol aus der Roll gefall ass. Piano: Marc Schmidt

08-01-2025 RTL-Afterwork: mam Claude Mangen (Mëttwoch)

Muer géint 17h15 zielt de Claude Mangen iwwer seng spannend Theaterjoren als Acteur zu Zürech an zu Wien. An der éisträichescher Haaptstad huet en zum Beispill och seng Wunneng mam Thierry van Werveke gedeelt wat net evident war. Mir héieren wéi e beim 100,7 gelant ass a 25 Joer Radio gemaach huet an ginn gewuer dass en sech och aus praktesche Grënn fir d'Aarbecht als Regisseur entscheet huet.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen