Laang Joren stoung de Claude Mangen als Acteur op der Bün. Haut mécht hien éischter eng 'mise en scène' oder schafft an der Verwaltung an decidéiert als Direkter wat am Mierscher Theater op d'Brieder kënnt a wat net. Am 'Café des artistes' am Gronn waren den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten awer och bei der Bewältegung vun der Vergaangenheet gefrot an hunn eenzel Etappen opgeschafft, déi hien iwwer d'Grenzen vum Land gefouert haten. Piano: Marc Schmidt

09-01-2025 RTL-Afterwork: mam Claude Mangen (Donneschdeg)

Muer géint 17h15 zielt de Claude Mangen, wéi hien säin 50zegsten op eng ongewéinlech Manéier gefeiert huet. Mir héieren wéi hien gehollef huet de Soziokulturelle Radio an d'Liewen ze ruffen, an op wéi eng bëlleg Manéier hien no 25 Joer Äddi a Merci gesot krut, wou en haut nach dru knat.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen