Do wou de Claude Mangen ass, ass eng Bün ni weit ewech. Als jonke Mënsch stoung hien dacks drop. Elo ass en éischter hannert de Kulissen als Regisseur oder als Direkter vum Mierscher Theater. Am 'Café des artistes' am Gronn huet de fréieren Programmcoordinateur vum soziokulturelle Radio op vill schéin Momenter zréckgekuckt, an huet beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten och keen Joker gehat wat d'Froen ugeet. Piano: Marc Schmidt

11-01-2025 RTL-Afterwork: mam Claude Mangen (Samschdeg)

Déi nächst Woch géint 17h15 ass et um Alex 'Lex' Heyar, dem Kapp vun der Band Moof. Hien behapt vu sech selwer an der Muskschoul eng Päif gewiescht ze sinn. Berufflech huet e sech ausprobéiert bei engem Daachdecker, an enger Schräinerei, op der Arbed an als Doudegriewer zu Esch op der Gemeng an ass elo Chef-Gäertner. Hien huet definitiv näischt ubrenne gelooss, ausser als Kand, an ass mat Sécherheet keen traurege Gesell.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen