Eigentlech wollt de Rod Stewart Futtballprofi ginn, mee dunn ass en awer bei der Musek gelant. E gudde Choix. Mat ronn 250 Millioune verkaafte Placke gehéiert de Mann mat der Ananasfrisur zu den erfollegräichsten Interprete vun allen Zäiten. Säi Motto: "Musek ass e Produit, dee verkaaft muss ginn. Den Image zielt, net dat wat ee séngt". E Portrait fir säin 80. Gebuertsdag.

Beim FC Brentford ass de Roderick Stewart a jonke Joren effektiv Futtballprofi ginn - awer just kuerz. Eng Rees op Paräis mécht him däitlech, datt d'Léift zur Musek dach méi staark ass wéi déi zum ronne Lieder. No Optrëtter mat der Antiatomkraaftbeweegung deet säi Papp en awer schaffen. Vum Zeitungsdréier bis zum Doudegriewer ass alles dobäi.

1964 krit de Rod säin éischte Plackekontrakt, di éischt Single kënnt eraus, mee di grouss Karriär ass et nach net. Mat verschiddene Gruppe geet et weider, éiert en mat der Jeff Beck Group bekannt gëtt. Nodeems se do Sträit kréien, geet en bei d'Faces sangen, a suivéiert parallel dozou seng Solo-Ambitiounen.

De groussen Duerchbroch kënnt 1971 mam Nummer-1-Lidd "Maggie May". E weidere groussen Hit ass 1975 de Cover vum Sutherland Brothers Hit "Sailing", dee sou guer net bei dem Stewart seng wëll Zäit passt.

1978 schwëmmt hien op der Discowell mat, an huet mat "Da Ya Think I'm Sexy?" e weidere Spëtzenhit. 

2 Kanner an eng Scheedung méi spéit ass "Baby Jane" de Summerhit 1983. Duerno ass de Rod net méi sou dacks virbäi an den Charts. 

Ufank de 90er nach emol en Top-Album "Vagabond Heart", dunn de Megahit zesumme mat Sting a Bryan Adams "all for one", a säin MTV Unplugged-Optrëtt ass och e Succès.

Mëtt 2000 gëtt hie mat Schilddrüsekriibs operéiert a muss duerno nei sange léieren. De Rod fënnt seng Reifeisestëmm eng Oktav méi déif erëm an hëlt sech dem "Great American Songbook" un, a bréngt 5 Albume mat deene grousse Klassiker eraus.

De Museker ass fir d'Drëtt bestuet, huet 8 Kanner vu 5 Fraen a gëtt 2007 zum Ritter geschloen an dierf sech zanterhier Sir Rod Stewart nennen. Donieft ass hien en Autosgeck a spillt leidenschaftlech gäre mat senge Modelleisebunnen.

RTL

© Pixabay