
Als Laie weess ee ganz séier, dass bei sengem Déierchen eppes net stëmmt. Just wat, dat weess meeschtens just den Expert, an deen rätselt och fir d'éischt a muss d'Fakten - wéi bei engem Krimi - beieneen droe bis dass d'Rätsel geléist an de Fall kloer ass. D'RTL-Déierendoktesch Romi Roth huet haut e Fall aus der eegener Praxis, deen net sou glaskloer war.
De Metty, e soss ganz coole kastréierten Indoor- Kueder a seng Gevuedesch Lisy, sinn sech an der Lescht ëmmer nees an d'Gräpp geroden. Woubäi et ëmmer dat krappegt Lisy war, wat ugefaangen huet. Dertëscht gouf et dann awer, wéi hier Leit eis mat Handy -Filmer weise konnten, och vill Momenter wou déi zwee wéi een Häerz an eng Séil zesumme geduckelt louchen ze schnueren a frou mateneen ze sinn. Mir stounge virun engem Rätsel, dobäi huet d'Saach liicht presséiert, well de Metty hat es scho ferm genuch mat deem ganze Gedeessems.
Kee Wonner, besonnesch well deen aarme Metty als réngen Hauskueder jo och nach net fortlafe konnt.
Dat éischt, u wat een an esou Fäll denkt ass, ob d'Mudder, déi aus engem auslänneschen Déierenasyl adoptéiert gi war, vläicht iwwerhaapt net oder net richteg steriliséiert gi war. Et gëtt Bluttënnersichungen, mat deenen dat erausfonnt gi kann. Mä beim Lisy ass mam Labostest op dat sougenannt Anti-Müller-Hormon kloer ginn, dass säi Stress net vun engem a sengem Bauch vergiessenen Eeërstäck komme konnt, hatt war comme il faut operéiert ginn. Wéi mir fir deen Test Blutt geholl hunn, ass awer opgefall, dass säi Bluttdrock vill ze héich war. An do louch bei der nervöser Miss, dann och de pathologeschen Hues am Peffer: hatt krut, virun allem nom Friessen ganz héije Bluttdrock, deen him wéi et schéngt Kappwéi gemaach an et domat op Krawall gebiischt huet. Zanter dass et Pëllercher géint dee Problem kritt, sinn d'Roserei-Krisen vill méi rar ginn an de Metty brauch sech elo och net méi viru senger Gevuedesch verstoppen ze goen.