
© Nainoa Shizuru on Unsplash
Kannerfuesbaler, One Last Time an ënner anerem d'Militärmusek.
Fänke mir mat e puer Télévie-Manifestatiounen un. Haut ass e Kannerfuesbal zu Éilereng am Kulturschapp an zu Rëmerschen am Biodiversum ass e Wine Tasting. Muer kënnen d'Kanner sech nach eng Kéier verkleede well och muer ass e Kannerfuesbal fir den Télévie am Centre Culturel zu Dippech.
Den Owend um 20:00 presentéiere One Last Time hiren éischten Album Between Horizons am Club vun der Rockhal. Am Virprogramm trëtt d'Lëtzebuerger Sängerin Marcy op.
En immersiven 360 Grad Concert vum Lëtzebuerger Duo Englbrt kritt Dir den Owend um 20:00 an der Abtei Neimënster gebueden.
A fir den 100. Gebuertsdag vu Gaart an Heem Nidderkuer spillt d'Militärmusek muer um 17:00 zu Nidderkuer am Centre Sportif.