Wat ass lass?

11/01/2025 Weekend-Agenda

Wéi wär et mat Äishockey? Den Tornado Lëtzebuerg spillt den Owend um 19:00 op der Kockelscheier géint Phenix Reims aus Frankräich.

Dat irescht Theater-Stéck Nora & Jim, ënnermoolt mat irescher Folk-Musek, gëtt dëse Weekend Centre Culturel am Neiduerf an der Stad opgefouert. Den Owend um 19:30, muer um 15:00 an och nach eng Kéier um 19:30.

Oder ass d'Musek vum Udo Jürgens méi ären Truc? Da misst Dir an den neie Centre Culturel op Gréiwemaacher reesen. Den Owend um 20:00 ass Die grosse Udo Jürgens Live-Show.

Muer de Mëtten um 15:00 invitéiert d'Beetebuerger Lokalsektioun vum Roude Kräiz op e Geschichtennomëtteg mam Betsy Dentzer. Dat ass am Beetebuerger Jugendhaus an den Entrée ass fräi.

A muer den Owend um 18:00 heescht et Mämmories am Cube 521 zu Maarnech. Dat ass dat neit Stéck vum Jemp Schuster, mam Michèle Turpel a mat Musek vum Claire Parsons.