
© afp
"75 Hard" –fir dat neit Joer ass de virale Fitness Challenge nees zeréck. Op de sozialen Netzwierker ginn et Millioune Videoe, wéi Leit dësen extremen Challenge duerchzéien. Mee wéi haart ass e wierklech?
Dësen Challenge ass fir déi ganz Motivéiert ënnert eis. Den Numm vum Fitness Challenge, "75 Hard", verréit et schonn: fir 75 Deeg gëtt all Dag konsequent Sport gemaach a sech gesond ernäert. Ma wéi gesinn d’Reegele genee aus?
Ganz wichteg ass d’Ernärung: d’Molzechte mussen zu 100 Prozent aus frëschen a gesonde Liewensmëttel bestoen. Et dierf ee weder Alkohol nach sougenannten "Cheat Meals", also manner gesond Saache wéi Kuch oder Fritten iessen.
Fir 75 Deeg soll een all Dag 2 mol Sport maachen: eemol fir 45 Minutten dobaussen, an eemol fir 45 Minutten dobannen. Dat geet vun trëppelen, iwwer joggen, bis hin zu Muskeltraining am Fitness Studio.
Weider Reegele sinn, datt ee pro Dag dräi an en hallwe Liter Waasser drénke muss, an all Dag op mannst 10 Säiten an engem Buch liest. Awer et dierf kee Fiktiouns-Buch sinn. Am beschten si sougenannte "Self-help" Bicher, wou ee vill Wëssenswäertes iwwert Psychologie vum Mënsch léiert.
Wann een eng vun de Reegele brécht, muss een nees ganz vu vir ufänken. Dësen Challenge soll virun allem Disziplin an Duerchhalverméigen testen.
Wëll den Challenge relativ ustrengend ass a vill Zäit an Asproch hëlt, hu verschidde Leit sech eng Alternativ iwwerluet: eng vun deenen ass zum Beispill "75 Soft". Hei gëllt et och nees 75 Deeg laang Sport ze maachen, an sech zum gréissten Deel gesond ze ernären, mee dëst awer op eng manner strikt Manéier. An et dierf een och aner Bicher liesen.