Reesen war gëschter de groussen Thema beim Dan Spogen am LIVE! planet people. De Carlo Lanners war mam Zuch duerch Europa ënnerwee, de Jorge Valente zesummen mat senger Fra op Weltrees um Motto, an de Kabarettist Rol Gelhausen ass no längerer Paus nees op d'Bün geklomme fir eng satiresch Rees duerch déi lescht 12 Méint

RTL

De Carlo Lanners ass pensionéierten Eisebunner, an huet e Buch iwwer seng Reesen um europäeschen Schinnenetz erausbruecht

Carlo Lanners
RTL
RTL

De Jorge an d'Anabela bereesen zanter 10 Joer d'Welt mat engem Motto a publizéieren hier faarweg Impressiounen reegelméisseg

Jorge Valente
RTL
RTL

De Rol Gelhausen schreift Cabaretstexter fir sech an anerer, an ass aktuell mat sengem Joresréckbléck op Tournée duerch d'Land

Rol Gelhausen
RTL