D'Fäll vun der Gripp sinn an der leschter Woch ëm en Drëttel eropgaangen huet et virun 2 Deeg geheescht. D'Laboratoirë mellen 746 Infektiounen. D'Woch virdru waren et der 561. Dofir wëll den Dr Marc Keipes aus dem GesondheetsZenter op der Gare haut nach emol op d'Wichtegkeet vun den Impfungen ze schwätze kommen a mécht en Historique vun der Gripp am Laf vun der Zäit.

Dass d'spuenesch Gripp 1918 ongeféier 50 Millioune Mënschen ëmbruecht huet ass gewosst, mee mir all mengen dat, dat léich dorunner dass et an der Medezin net souwäit war deemools, mee oppassen, och haut gëtt et nach net wierklech richteg vill Medikamenter wa se bis richteg installéiert ass. Am Oktober 1918 gëtt et do dat berüümsten Affer vun der Gripp. Den Egon Schiele, Expressionisteschen Moler, sëtzt bei senger Fra zu Wien, déi am 6ten Mount schwanger ass, a si fänkt un Féiwer ze kréien. Hien fänkt un se ze molen an e puer Stonnen drop ass se dout. Et wäert och säin lescht Bild ginn, well hien verstierft 3 Deeg méi spéit mat 28 Joer.

Dr Marc Keipes - Gripp - Historique

Mir wëllen keng Panik verbreeden, an awer muss een oppassen a virsiichteg sinn, an d'gestes barrières anhalen.

No Covid mierke mer, dass d'Gripp allgemeng ënnerschat gëtt an d'personnes à risques ginn och hei am Land net genuch bei den Dokter fir sech impfen ze loossen. Epidemien vu Gripp gëtt et schonn ëmmer. 1957 ass et déi asiatesch Gripp, 1968 d'Hongkonggripp, an och elo ginn all Varianten no dem Uert oder dem Land benannt, wou se fir d'éischt optrieden. Déi grouss Variabilitéit mécht, dass mir eis ëmmer nees mussen impfe loossen, net nëmmen fir eis ze schützen mee och all eis Léif ronderëm eis.

Dr Marc Keipes - Gripp - Variatiounen