
© Patrick Greis
De Lex Heyar ass bekannt als de Sänger a Kapp vun der Band 'Moof'. Dëse raue Brudder huet et fauschtdéck hannert den Oueren an dat goung scho fréi an der Schoul un, wou hien als Feierstëppler bekannt war. Am 'Café des artistes' am Gronn beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten goung och rieds iwwer seng Zäit als Doudegriewer, wou hien e bleiwenden Androck hannerlooss huet. Mir héieren wéi hien haut iwwer Drogen denkt, hien erënnert sech un en Optrëtt am Prisong a mir gi gewuer op wéi eng skurril Manéier d'Lidd 'Béise Jong' entstanen ass. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt de Lex Heyar, dass hien ier e bei Moof war och an der Museksschoul war, awer ouni gréissere Succès. Et geet ëm en Daum, deen erofgeschnidde gouf, een dee sech mat der Trennscheif tëscht Bee geschnidden huet mir gi gewuer wat se mam Portier gestëbst haten.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen