
© Patrick Greis
De Lex Heyar war vu Klengem un en 'enfant terrible', an op eng gewëss Manéier ass hien dat och bis haut bliwwen. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten de Sänger vu Moof op Besuch an egal ob et ëm d'Musek, d'Aarbecht oder säin Privatliewen geet, hien huet bis elo scho souvill Saachen erlieft wéi anerer net an 3 Liewen zesummen. An d'Geschichten hu sech gewäsch. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt de Lex Heyar vun allméiglechen Drogen, déi en ausprobéiert huet, et geet ëm seng Schaff als Gäertner a seng Liblingsplaz an hie verréit firwat hien net e Liewen laang Doudegriewer bleiwe wollt.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen