'MooF' ass eng Lëtzebuergesch Rockband, déi 1992 gegrënnt gouf an aus 6 Membere besteet. Erausstécht do natierlech d'Gesiicht an d'Stëmm vum Lex Heyar. De Stil vu 'MooF' geet vu Rock bis Hardrock an 1994 hu se ugefaange hir Texter op Lëtzebuergesch ze schreiwen. Am 'Café des artistes' am Gronn haten et den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten et mat engem richtegen Artist ze dinn, deen eng geckeg Geschicht no där anerer verzielt huet a sech an engem Stéck iwwerbueden huet, an déi hu net just mat der Musek ze dinn, mä och mat senger berufflecher Karriär. Piano: Marc Schmidt

15-01-2025 RTL-Afterwork: mam Lex Heyar (Mëttwoch)

Muer géint 17h15 erzielt de Lex Heyar wéi d'Band 'MooF' un de Numm komm ass, mir héiere wéi hie beim 'Rock um Knuedler' fir Frustratioun gesuergt huet, gi gewuer, dass hie plakeg gefeiert huet wéi si bescht 'Pop Rock Band '96' gi sinn an staunen driwwer wéi hiren Optrëtt am Prisong verlaf ass.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen