De Lex Heyar, Sänger vun der lëtzebuergescher Rockband 'MooF' ass eng gelleg Nummer. Hien huet näischt ubrenne gelooss, an dat vu Klengem un. Duerch d'MooFest,' dat d'Formatioun 2013 an d'Liewen geruff huet, fir karitativen Organisatiounen ze hëllefen, hu se sech och sozial engagéiert. Am 'Café des artistes' am Gronn huet de Sänger a Frontmann dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten och méi iwwer d'Bandgeschicht verzielt. Piano: Marc Schmidt

16-01-2025 RTL-Afterwork: mam Lex Heyar (Donneschdeg)

Muer géint 17h15 zielt de Lex Heyar vu 'MooF' wéi e mat verschiddene Lidder uneckt. Mir héieren, dass hir Gage eng Kéier net duergaangen ass fir d'Gedrénksrechnung nom Concert ze bezuelen, awer mir ginn och gewuer dass hien momentan an der Dialyse ass an eng nei Nier brauch.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen