De Lex Heyar, de Sänger vun der Rockband Moof steet mat 2 Féiss um Buedem a schwieft net iergendwou an der Landschaft. Seng mouvementéiert Kandheet a seng sëllegen Aarbechtsplazen op deenen hien scho geschafft huet, hunn hie geäert. Am 'Café des artistes' am Gronn huet hie beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten kee Blat vrun de Mond geholl mee alles, fräi vun der Liewer, verzielt, och wann et ëm penibel Geschichten goung. Piano: Marc Schmidt

17-01-2025 RTL-Afterwork: mam Lex Heyar (Freideg)

Muer géint 17h15 muss de Lex Heyar sech bei 'léiwer oder léiwer' tëscht enger ganz heller Stëmm oder groussen Oueren entscheeden. Mir gi gewuer, dass et no enger Alkoholkontroll zum Lidd 'Béise Jong' koum an héiere wéi hien eng Kéier mam Fausti op enger Bün stoung.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen