
© Patrick Greis
De Lex Heyar ass de Sänger a Kapp vun der Rockband 'MooF' déi et schonn zanter 1992 gëtt. Hien ass en Haarden mat mëlle Baken an engem gudde Häerz, well zanter 2013 organiséieren si all Joer hiert MooFest wou d'Recetten integral u karitativ Organisatiounen ginn. Am Gespréich mam Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten koum alles op d'Tapéit ganz ouni Tabu an ouni e Blat vrun de Mond ze huelen. Am 'Café des artistes' goung et ëm d'Band awer virun allem hire Kapp deen schonn sou zimmlech alles erlieft huet. Piano: Marc Schmidt
Déi nächst Woch géint 17h15 ass et um Susy Lentz. Bei der Sängerin an Actrice geet et net just ëm de Virnumm, mat deem eng schwéier Laascht verbonnen ass. Mir ginn gewuer dass d'Chancen fir bei den ESC ze kommen do waren awer net genotzt goufen. Et geet ëm d'Simpsons an Stëmm vum Luxairport, de Karel Gott, FKK, an et kënnt zu engem Duett mam Dan Spogen beim Lidd 'Metti Spaghetti'.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen