War et dat schlecht Wieder, iwwer déi iwwerflësseg Kiloen déi een mat an dat neit Joer geplënnert huet, dat gutt Wieder oder einfach fir de Kapp fräi ze kréien an op aner Gedanken ze kommen, dass sech méi wéi 700 Leit zu Gilsdref afonnt haten fir déi zweet IVV Wanderung vum Joer matzemaachen. No Leideleng de lëschte Sonndeg haten d''Wanderfrënn Bettendorf' an an de Centre Polyvalent op Gilsdref invitéiert wou den Depart an d'Arrivée waren.

13/01/2025 Per Pedes vu Gilsdref op Gilsdref
IVV Wanderung - Organisatioun
RTL

Et ass keng Course, an et konnt een mat aneren am Grupp oder eenzel goen, ganz wéi ee wollt, an dat tëscht moies 07h30 an mëttes 16h. Ënnert de 728 Wanderfrënn och vill Jugend an 33 Kanner

IVV Wanderung - Wanderfrënn
RTL
RTL
RTL