
© afp
"But first, coffee". Dëse Slogan seet et: Kaffi gehéiert fir déi meescht Leit zu engem gudde Start an den Dag. Ma wéi gesond ass dat waarmt Gedrénks? A wéini soll ee säi Kaffi am beschten drénken?
Kaffi huet tatsächlech vill gesondheetlech Virdeeler. Ënner anerem geet de Risk fir Häerz- a Kreeslafkrankheeten, Hiereschlag, a souguer Liewer-Kriibs erof.
Leit, déi hir Taass Kaffi scho Moies drénken, profitéiere vun dëse Gesondheets-Virdeeler. Wann een de Kaffi awer iwwert den Dag verdeelt drénkt, huet de Kaffi enger rezenter Etüd no keng Auswierkung op d’Gesondheet.
Knapp 40 Dausend Erwuessener hunn iwwer 20 Joer laang un enger Etüd aus den USA Deel geholl, fir ze testen, wéi d’Dageszäit vum Kaffi-Drénken en Afloss op eise Kierper huet.
Eraus koum, datt bei de Mënschen, déi hire Kaffi an den éischte Stonne vum Dag gedronk hunn, d’Stierflechkeet ëm 16 Prozent erof gaangen ass. Déi Leit, déi iwwert den Dag verdeelt Kaffi gedronk hunn, haten zu deem dacks Schlofstéierungen.
Firwat dat esou ass, kënnen d’Wëssenschaftler vun der Etüd nach net soen. Si ginn awer dovunner aus, datt et eppes mat den Hormoner ze dinn huet. Wann een am Nomëtten oder Owes nach eng Taass Kaffi drénkt, kann dat d’Produktioun vum Schlofhormon Melatonin stéieren. Doduercher kënnt et dann zu Schlofproblemer, an dat féiert zu engem ongesonde Liewensstil, wat de Risiko fir vill Krankheeten erhéicht.
Also: Kaffi drénke jo, an am beschte Moies.