Fir d’éischt huet hie säi groe Pullover ausgedoen, dann huet e seng Krauselen um Kapp wuesse gelooss. An elo huet de Mark Zuckerberg seng Smartwatch op sengem lénksen Aarm ausgetosch. An dat fir eng analog Auer.

21/01/2025 Analog Aueren

Nodeems de Chef vu Meta seng Ännerunge vum Faktencheck op Instagram a Facebook ugekënnegt huet, ass ville Leit eppes aneres opgefall. U sengem lénksen Handgelenk huet hien nämlech eng 900 Dausend Dollar Auer ugehat. D’Auer ass vun der Schwäizer Mark Greubel Forsey. Se ass handgemaach mat wäissem Gold. Nëmmen dräi esou Modeller gi pro Joer produzéiert.

Och wa sech esou eng deier Auer nëmmen en Tech Billionär wéi de Zuckerberg leeschte kann, passt hie sech domadder awer engem Trend un, deen ëmmer méi zouhëlt. Smartwatch war gëschter. Déi analog Auere sinn zeréck.

Virun allem d’Gen Z, déi jo meeschtens hiren Handy hëlt fir ze wësse wéi vill Auer et ass, gräifen elo éischter zu méi "oldschool" Aueren. Dat soll dorunner leien, dass, an Zäiten vun esou vill Ongewëssheet, en Trend wéi dësen engem ee Gefill vun Nostalgie an eppes Familiärem gëtt. An enger Welt an där bal jidderee permanent um Handy hänkt, sinn analog Aueren en Zeechen fir e klasseschen an zäitlose Stil.

Retro ass in. Op Tik Tok weisen déi Jonk verschidde Modeller vun analogen Aueren. Dat geet vu Rolex bis hin zu méi bëllegen Marken. An de Secondhandshops zum Beispill ass d’Nofro no analogen Aueren immens an d’Luucht gaangen.

Och d’Staren zu Hollywood hunn den Trend matkritt. Op de Golden Globes huet ee sou munche Star mat analoger Auer gesinn. Dorënner och d’Nicole Kidman: d’Schauspillerin hat eng mat Diamante besate Vintage Omega Auer aus den 1920er un.