Nach 8x schlofen an dann geet d'Sich no der nächster Dschungelkinnigin oder dem Dschungelkinnek op RTL nees un. Zu hirer 12 wäerten se sech vun e Freideg 24. Januar un matenaner moossen bei Aktiounen, Spiller, a bei Iess-Challengen an d'Sonja Zietlow an den Jan Köppen presentéieren all Owend déi bescht Momenter mat hire spatzen Zongen ouni ze vill zimperlech ze sinn. Mat derbäi ënnert anerem d'Ex vum Boris Becker, Lilly Becker.

Lilly Becker - schwieregt Joer

Als weiblech Konkurrenz am Dschungel kommen zum Beispill nach d'Actrice Nina Bott, d'Yeliz Koç  oder d'Ex vum Stefan Mross a Fro, a bei de Männer sinn den Influencer Sam Dylan, den Acteur vun GZSZ Timur Ülker an de fréieren Liichtathlet Jürgen Hingsen gutt quotéiert. A wann déi aner och e bëssi geschwat kruten, d'Lilly Becker huet selwer de Fanger ausgestreckt fir matzemaachen.

Lilly Becker - Fanger gewisen
RTL

E Freideg 24. Januar fänkt déi 18. Staffel vun 'Ich bin ein Star - Holt mich hier raus!' un. Am ganzen gëtt et 17 Live-Sendunge bis feststeet wien sech op den Dschungeltroun setzen dierf. An déi gutt Nouvelle fir all Spectateuren, d'Show aus dem Dschungel gëtt et dëst Joer schonn um 20h15, an et brauch een net bis 22h15 ze waarde fir gewuer ze gi wat am australeschen Dschungel geschitt ass.